Tilleschgaass

D'Tilleschgaass (offiziell: Rue Saint-Ulric) ass eng Strooss am Gronn an der Stad Lëtzebuerg. Si huet hiren Ufank Op der Schmëdd bei der Bréck, déi am Gronn iwwer d'Uelzecht féiert, wou se Uschloss un d'Montée du Grund, d'Plaetisgaass, d'Sosthène-Weis-Strooss an un d'Rue Munster huet, déi da weider an d'Tréierer Strooss féiert. D'Tilleschgaass geet da bis bei d'Bréck wou d'Péitruss an d'Uelzecht leeft a fënnt do den Uschloss un de Berliner Wee. D'Reschter vun der fréierer Schleis, sou wéi d'Haiser vun den Nummeren 1 bis 39, goufen tëscht 1989 an 1990 als national Monumenter klasséiert.


Developed by StudentB